top of page

D´Gemeng Konsdref läit  am Oste vum Lëtzebuerger Land, am Kanton Iechternach, am Zentrum vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz dem Mëllerdall.

Ons Regioun zeechent sech besonnesch duerch aussergewéinlech Fielsformatiounen an schéin Waasserleef aus. Eng ganz Rei vu schéine Promenaden duerch Wisen, Bëscher an idylleschen Dierfer, vill Aussiichtspunkten mat Vue op de Sauerdall an de Mëllerdall bidden den Wanderer en onvergiesslecht Erliefnes.

Spektakulär an attraktiv Wanderweeër féieren laanscht d' "Kuelscheier", d´"Goldfralay" an awer och den bekannten „Schéissendëmpel“ fir nëmmen déi ze nennen. Ganz idyllesch am ländleche Raum leien d´Uertschaften Kalkesbaach, Kolwent, Marscherwald, Méchelshaff, Präiteler, Scheedgen an Wuelper déi all zur Gemeng Konsdref gehéieren.

Kuckeswäert ass ënner anerem d'Parkierch vun Konsdref aus dem 18. Joerhonnert mat hirem goteschen Tuerm aus dem 12. Joerhonnert an dem Altor mat der Bartholomäus-Statu. D'Existenz vun enger Parkierch zu Konsdref ass säit 1229 nozeweisen.

​

Prehistoresch a réimesch Reschter déi fonnt goufen, loossen drop schléissen, datt Konsdref an engem ale Siidlungsgebitt läit. Konsdref gëtt a verschiddenen Dokumenter aus dem éischte Joerdausend schonn ernimmt, 816 als "Cunolphi Villa. D'Uertschaft huet zum eelste Besëtz vun der Tréierer Abtei Oeren gehéiert a war bis zur Franséischer Revolutioun Zentrum vun der Oerener Grondherrschaft an dëser Géigend.

Kommt an entdeckt des wonnerschéin Géigend aus dem Lëtzebuerger Land. Ënnerwee op den selechen Wanderweeër, kennt dier d'Vilfalt an d'Schéinheet vun der Natur an den Landschaften genéissen. Op al oder jonk, am Mëllerdall kennt dier flott an erhuelsam Momenter erliewen.

bottom of page